Top Jongen. D‘Coupe vun de Minimes (Kids-Cup) geht op ELL!!
18th January 2026
DT Ell
Top Jongen!! D'Coupe am Kids-Cup (Coupe bei de Minimes) geet op ELL!!
No enger intensiver Final an der Coque, mat vill Supense a ville gudde Ballwiessel konnten sech eis Jonge schliisslech d'Coupe bei de Minimes (Kids-Cup) mat engem 4-2 géint den DT Howald sécheren, dëst no enger ganz staarker Leeschtung och vun den Houwalder Spiller.
Bravo a grousse Respekt un de Mattis, Chris a Mika, awer och un de Leandro (als Trainingspartner a gudde Réckhalt) souwéi de Luka a Noé (eis Reservespiller) souwéi dem Letizia a Noémie fir d'Hëllef beim Arbitrage.
Bravo och, dass dir déi zwee Deeg d'Nerven an de wichtege Momenter behal hutt an iech fir är Equipe agesat hutt. Als Equipe hutt dir iech dëst verdéingt, Dëst ass och d'REsultat vu vill Fleiss an Trainingsopwand an de leschte Joer. Den DT ELL ass stolz op iech.
Mir soen och jidderengem Merci deen eis déi zwee Deeg ënnerstëtz huet, sief et als Supporter, als Trainingspartner oder fir beim Arbitrage ze hëllefen. E grousse Merci natierlech och allen Trainer déi iwwert déi leschte Joer mat hinne geschafft hunn. Allez ELL !!
