Top Platzéierungen op de Landesmeeschterschaften vun de Catégorien B an C.
16th February 2026
DT Ell

Geschter konnten sech eng Rei Spillerinnen a Spiller vum Deschtennis Ell op de Landesmeeschterschaften auszeechnen. Sou hunn d'Martine Wirth an d'Sheila Schmol sech de Landesmeeschterschaftstitel bei den Dames C gekroppt. Bei den Herren B konnten sech de Chris Collé an de Mattis Goedert bis an d'Halleffinal virspillen, wou si du leider am 5. Satz verluer hunn, an domat déi drëtt Platz erzielt hunn. Am Eenzel huet sech Mattis Goedert erréischt an der Finale misse geschloe ginn. D'Martine Wirth huet sech am Eenzel bei den Dames C an der Hallferfinale misse ganz knapp geschloe ginn, wat gläichbedeitend mat enger drëtter Platz war.
